Der Lëtzebuerger Sprooch geet et net gutt!

D’Zuel vun de Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, ass tëscht 2011 an haut vun 323.500 op 292.000 zeréckgaangen. Vill Vertrieder aus der Press an der Politik verweigeren sech där Realitéit – sou wéi si dat och scho beim Thema Kriminalitéit maachen. D’Leit mierken awer am Alldag, dass et der Lëtzebuerger Sprooch net gutt geet. D’ADR setzt sech als eenzeg Partei weiderhi kompromësslos fir eis Nationalsprooch an. An zwou Motioune fuerdert d’ADR dann och méi Visibilitéit am Alldag fir eis Sprooch an d’Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als offiziell Sprooch an der EU. Nodeems den 30. Januar ganz däitlech gouf, wéi wéineg den anere Parteien un eiser Nationalsprooch leit, ass et dann och net verwonnerlech, datt béid Motiounen ofgeleent goufen – en Trauerspill!

Engagéiert fir d’Lëtzebuerger Sprooch: Hei fannt Dir d’ADR-Motiounen:

Deel dëse Post: