Deponie Fridhaff: Froen iwwer Faackelen an iwwer Rëss

Direkt zwou parlamentaresch Froe vum Gast Gibéryen dréinen ëm d’Deponie Fridhaff bei Dikkrech. Schonn am Fréijoer waren an der Ofdeckung vun der Deponie, déi net méi am Gebrauch ass, Rëss festgestallt ginn, an den ADR-Deputéierte wëll dozou Detailler. Ausserdeem fällt op, datt d’Faackel, iwwer déi Gasen aus der Deponie verbrannt ginn, net regelméisseg a Betrib ass. Och do gouf nogefrot.

An zwou detailléierten Äntwerte gëtt den Ëmweltministär Informatiounen. D’Faackel ka net dauernd brennend, well op der Deponie net méi genuch Ofgasen entstinn. De Rass ass ënner Kontroll a gëtt iwwerwaacht.

 

Deel dëse Post: