D’Enn vum Bankgeheimnis (VIDEO)

En Dënschdeg, de 4. November 2014, huet de Gast Gibéryen an der Chamber d’Stellung vun der ADR zum Gesetzprojet 6668 erkläert. Et geet an deem Projet ëm den automateschen Austausch vun Donnéeën tëschent de Steierverwaltungen, anescht gesot ëm d’Enn vum Bankgeheimnis.
De Gast Gibéryen huet un de laange Prozess erënnert, deen um europäeschem Sommet vu Feira am Summer 2000 ugefangen hat, wou Lëtzebuerg d’Bankgeheimnis als Prinzip op ginn huet. Am Mäerz 2014 huet dunn den aktuelle Premier um Sommet vu Bréissel d’Bankgeheimnis fir Lëtzebuerg definitiv ofgeschaf. D’ADR ass prinzipiell d’Accord fir d’Bankgeheimnis ofzeschafen, allerdéngs muss dat dann iwwerall gëllen!
Wëll dëst net geschitt ass, a besonnesch wëll de Xavier Bettel zu Bréissel d’Bankgeheimnis opginn huet, op vague Verspriechen, datt aner Länner wäerten nozéien, huet d’ADR als eenzeg Partei an der Chamber géint dëst Gesetz gestëmmt.

Deel dëse Post: