Denkmalschutz fir all Kierch

Reliéis Gebaier, wéi Kierchen, Kléischter a Kapellen stinn am Mëttelpunkt vun eise Stied an Dierfer. Et si meeschtens wäertvoll kulturhistoresch Gebaier, esou wuel vun der Architektur wéi och vum Mobilier (Uergel, Statue, Biller…). Nieft dem reng kulturelle Wäert hunn dës Gebaier och e groussen emotionale Wäert an Erënnerungwäert. Dëst wéinst perséinleche Souvenire wéi vun der Daf, der Kommunioun, dem Bestietnis an dem Begriefnis. Och déi kollektiv Erënnerung sinn oft mat de Kierche verbonnen, z.B. Gedenkzeremonien nom 2. Weltkrich an no lokale Katastrophen. Dëst zielt fir reliéis Gebaier vun alle Reliounen, wéi z.B. och fir d’Synagogen.

Et stinn awer relativ wéineg Kierchen ënner Denkmalschutz. Dobäi kënnt et oft vir, datt en Deel vum Inhalt (wéi d’Uergel, Biller, …) geschützt sinn awer net d’Kierch als Ganzt.

Iwwert de parlamentaresche Wee freet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, wéi eng reliéis Gebaier ënner Denkmalschutz stinn, an e mécht d’Suggestioun, all Kierchen a Synagogen op d’Leschte vum Service vun de Sitten an den nationale Monumenter opzehuelen. D’Äntwert vum Kultusminister Xavier Bettel ass relativ komplett (mat Annexen) a kënnt tatsächlech zum Schloss, datt quasi all Lëtzebuerger Kierch als Monument erhalenswäert ass. Just sengem Banneminister huet de Kultusminister dat wuel nach net verroden.

Deel dëse Post: