Déngschtsigel: Firwat ass de Léif als nationaalt Symbol gestrach ginn?

Firwat ass de Léif als nationaalt Symbol vum Déngschtsigel vun der Administration luxembourgeois vétérinaire et alimentaire gestrach ginn? Si weider Bestriewunge vun der Regierung geplangt, fir de Léif als nationaalt Symbol aus weideren offiziellen Dokumenter, Sigelen, Déngschtsigelen a weidere representative Formulaire vu staatlechen Organer erauszehuelen? Nofro vum Jeff Engelen!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

2022 gouf d’Veterinärs-Administratioun (Adm. des Services Vétérianires) mat der Administratioun vun der “sécurité alimentaire” zesummegeluecht. Dës nei geschafen Administratioun, déi elo méi Kompetenze regroupéiert, soll elo op eng méi effizient Manéier d’Sécherheet vun der gesamter Liwwerkette vun der Liewensmëttelproduktioun garantéieren. An deem Kader krut déi nei geschafen Admininstratioun och en neie Déngschtsigel, deen elo op allen offizielle Formulairë vun där Administratioun ze fannen ass.

Opfälleg ass an deem Kontext, datt beim neien Déngschtsigel elo net méi, wéi virdrun, de Léif als nationaalt Symbol ze fannen ass. Dësen huet sech virdrun – an der Mëtt zentraliséiert – op all Déngschtsigel erëmfonnt. Elo awer gestallt sech den Déngschtsigel esou, datt de Léif an der Mëtt erausgeholl gouf, ouni duerch eppes aneres ersat ze ginn, wouduerch den Déngschtsigel elo an der Mëtt “plakeg” wierkt. Et sief dozou ugemierkt, datt och déi meescht Déngschtsigelen an eisen Nopeschlänner mat engem nationale Symbol gekennzeechent sinn, z.B. an Däitschland, wou de Wope vum jeeweilege Bundesland op den Déngschtsigelen ze fannen ass.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un de Landwirtschaftsministère:

  1. Hat de Landwirtschaftsminister bis elo Kenntnis dovun, datt de Léif als nationaalt Symbol aus dem Déngschtsigel vun där genannter Verwaltung gestrach gouf, respektiv, gouf de Minister iwwer dës Demarche informéiert?
  2. Wat war an deem Kontext d’Motivatioun dofir, de Léif aus dem Déngschtsigel ze sträichen a wéi eng Ausso(en) ass/sinn domat verbonnen?
  3. Sinn an deem Kontext zousätzlech Bestriewunge vun der Regierung geplangt, fir de Léif als nationaalt Symbol aus weideren offiziellen Dokumenter, Sigelen, Déngschtsigelen a weidere representative Formulaire vu staatlechen Organer erauszehuelen? Wa jo, wat ass d’Motivatioun heifir?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: