Den Norde vum Land net vergiessen!

A senger Erëffnungsried um Nationalkongress 2020 brécht de Jeff Engelen eng Lanz fir den Norde vu Lëtzebuerg. D’Verkéiers- a Wunnengspolitik am Norde gouf vun de Regierungsparteien an de leschte Joren a Joerzéngten net mam néidegen Eescht ugepaakt. Den ongerechte Walsystem, deen d’Bevëlkerung am Norden am Oste vum Land, zu Bierger zweeter Klass degradéiert, ass eng weider Ongerechtegkeet, mat där sech d’ADR net wäert zefridde ginn. Et ass an deem Kontext awer erfreelech, datt d’ADR Norden elo sou gutt opgestallt ass, wéi nach ni a weider fir d’Entwécklung vum ländleche Raum kämpfe wäert. 

Deel dëse Post: