Joer fir Joer hu mir Léit déi an d’Land kommen, a Lëtzebuerg net méi verloossen. Och net dann, wann hir Demande ofgeleent gëtt oder si emol keng gemaach hunn. Iwwer wat fir Zuele schwätze mir do, insgesamt?
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Hären Inneminister a Minister fir Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Vill Leit liewen hei am Land, obwuel si keng Openthaltsgeneemegung hunn a gréisstendeels onsiichtbar bleiwen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Kann d’Regierung eis matdeelen, wéi vill Bierger aus Drëttstaaten, déi sech an enger irregulärer Situatioun befannen, also keng Openthaltsgeneemegung hunn („sans-papiers“), aktuell hei am Land sinn? Sollt si dës Zuel net genau kënnen ermëttelen, kann d’Regierung eis eng Schätzung ginn? Wa jo, op wéi eng Datebasis bezitt sech déi Schätzung (Eurostat, DGIE oder aner Indicateuren)?
- Wéi vill Uerdere fir d’Verloosse vun eisem Land goufen an de Joren 2024, 2025 an 2026 ausgeschwat?
- Zu wéi ville Réckféierungen ass et am Zäitraum 2024 bis 2026 komm, opgeschlësselt no fräiwëllegen a gezwongene Réckféierungen?
- Zu wéi ville Réckféierungen ass et bis elo duerch d’“Maison du Retour“ an d’Aféierung vun engem neie Konzept vum fräiwëllege Retour am Oktober 2025 komm? Kann d’Regierung dozou eng éischt qualitativ Evaluatioun virleeën?
- Huet d’Regierung d’Réckféierungsprozedure vun anere Länner analyséiert? Wéi sti mir par rapport zu eisen Nopeschlänner? A wat maachen déi Länner mat den héchste Réckféierungsquoten anescht wéi mir?
- Wat sinn déi gréissten Hindernisser, fir eise System ze verbesseren?
- Denkt d’Regierung, datt dee kierzlech am Europaparlament gestëmmten Asylpakt zu Réckféierungen d’Situatioun zu Lëtzebuerg kloer verbessere wäert?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten