Den Handy als privat Sécherheetskamera?

Handyen erlabe ganz nei Méiglechkeeten, och fir all Zorte vu Biller ze produzéieren. Nieft spontanen Opname vun der Vakanz oder engem Familljefest kënnen dës villsäiteg Apparater leider och fir ganz schwéier Fäll vu Mobbing mëssbraucht ginn, andeems Gewaltaffer dacks nach gefilmt an déi entspriechend Videoen online verbreet ginn. Op där anerer Säit huet d’Verëffentlechung vu sou engem Virfall an der Stad, mam Averständnes vun den Eltere vum Affer viru kuerzem dozou bäigedroen, den ëffentlechen Drock op d’Täter massiv ze erhéijen. Trotzdeem huet de Parquet net nëmmen e Schreiwes zirkuléiere gelooss, datt een sech strofbar mécht, wann een dëst Uleies ënnerstëtzt, mee de Schoulministère huet ënnert dem Titel “not sharing is caring” och nach eng komplett Campagne gestart, fir vun enger Widderhuelung ofzehalen. Firwat gëtt esou e wichteg a villschichteg Thema net an all senge Facetten diskutéiert an un engem méi nuancéierten Ëmgang mat dëser neier Erausfuerderung geschafft?

Deel dëse Post: