Den Duerfcharakter ass en Deel Kultur …

A villen Uertschafte geet den historesch gewuessenen Duerfcharakter ëmmer méi verluer. Am Kontext vun den allgemenge Bebauungspläng (PAG) beurteelt den nationalen Denkmalschutz (SSMN) d’Bausubstanz vun erhalenswäerte Gebaier an deelt de Gemenge mat, wat fir Gebaier schützenswäert sinn. Dacks ginn historesch-kulturell wäertvoll Gebaier awer zerstéiert an ofgerappt.

An deem Kontext stellt de Fred Keup der Kulturministesch eng ganz Rei Froen. Dobäi geet hien op de Problem vun der kommunaler Denkmalschutzpolitik an, op d’Effikassitéit vum neie Gesetz an dësem Kontext, op eng eventuell ugestriefte Verbesserung vun dëser Situatioun an nach méi.

 

Deel dëse Post: