Den Äermsten hëllefen ass eng ethesch Flicht!

D’Dokteschassociatioun „MÉDECINS DU MONDE” ass zanter fënnef Joer aktiv fir den Äermsten an eiser Gesellschaft ze hëllefen: Leit, déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn oder duerch all Raster vum Sozialsystem duerchfalen. An hirer Entrevue mat der ADR vum 27. Mäerz weist sech d’Organisatioun besuergt, datt an der Lescht ëmmer méi Léit aus sozial oder finanziell prekäre Verhältnisser op hir Hëllef ugewise sinn. Et bräicht een en „Tiers payant social” dee fir eng medezinesch Versuergung vun deene Leit opkënnt, déi ënnert enger definéierter Aarmutsgrenz liewen. Lëtzebuerg huet méi soziale Misär, wéi vill Leit sech dat virstelle kënnen.  „MÉDECINS DU MONDE” war sech mat der ADR eens, datt een d’Ëffentlechkeet sensibiliséiere muss fir och deenen eng Stëmm ze ginn, déi am räiche Lëtzebuerg séier an de Vergiess geroden. „MÉDECINS DU MONDE” waren vertrueden duerch hire President, den Dr. Jean Bottu, hire Vize-President, de Marc Gerges, esou wéi duerch hiren Attaché à la direction Sylvie Martin.

Deel dëse Post: