D’ADR ënnerstëtzt eng Motioun vun der CSV fir e Schouldirekter [Video]

En Dënschdeg, den 10. Mee, gouf och eng Motioun vum Martine Hansen (CSV) fir d’Aféiere vun engem Schouldirekter diskutéiert. De Fernand Kartheiser huet sech fir déi Motioun ausgeschwat, déi awer vun DP, LSAP an Déi Gréng verworf gouf. Eigentlech sinn all Parteie fir de Schouldirekter gewiescht ausser der LSAP, déi do ëmmer enger Enseignantsgewerkschaft brav gefollegt huet. Mä DP an Déi Gréng hunn aus elauter Gambia-Solidaritéit déi puer gutt Usätz vergiess, déi se emol haten. Dorunn erënnert fir d’ADR de Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: