Demokratiedefizit?

Zënter Woche ginn d’ADR-Plakater mat deem Geschrëftels hei zougepecht. D’Persoun seet a hirem éischte Saz, se géing sech zu Lëtzebuerg net méi wuel fillen. Normal, well Lëtzebuerg ass demokratesch an huet keen Demokratiedefizit, wéi de Jo eis wëll antriichteren. Dofir sinn anonym Pamphleter och ongär gesinn hei am Land. Engem, deen aner Meenung ass, seng Plakater zoupechen (a net nëmme wéi hei um Bild um Knuedler mä op villen ADR-Plakater uechter d’Land) ass extrem ondemokratesch a beweist en zolitten Demokratiedefizit. Vläit géing déi do Persoun sech zu Dubai méi wuel fillen wéi hei am Land?

Deel dëse Post: