Demokratie a Meenungsfräiheet si wichteg

D’Adrenalin huet de 16. Dezember an engem Pressekommunikee reagéiert op e Bréif vun de Jonke Sozialiste vum 9. Dezember. Déi fuerderen d’Regierung op, konkret Moossnamen ze huelen  fir Politiker, déi ,,falsch Fakten”  an Onwourechte verbreeden, ze bestrofen an iwwer eng Reguléierung vum Benotze vu soziale Netzwierker nozedenken. Just niewebäi: Et gëtt Fakten an Aussoen, déi keng Fakte sinn, mä ,,falsch Fakte” gëtt et net.

D’Jugendorganisatioun vun der ADR ass mat deenen Aussoen net d’accord an erkläert de Jusoen, wéi wichteg an enger Demokratie d’Meenungsfräiheet ass.

Deel dëse Post: