Demenzkrankheeten: De System gët no ënnen ugepasst!

D’Associatioun Luxembourg Alzheimer huet e ganze Katalog vun Fuerderungen: “Mir komme schwiereg aus deene leschten zwee Joer” , sot d’Presidentin vum Verwaltungsrot, Liane Kadusch-Roth, de 9. Mee direkt am Ufank vum Gespréich. Grond waren d’Verhandlungen iwwer de Kollektivvertrag an d’Reform vun der Fleegeversécherung. Béides hätt der Vereenegung vill Flexibilitéit geholl fir hire Leit a sechs Foyerdu jour an engem Foyer de long séjour zu Ierpeldeng dee beschtméigleche Service ze liwweren, an dat mat 272 Mataarbechter . An dësem Haus sinn déi 116 Plaze beluecht an et gëtt eng laang Waardelëscht. A Flexibilitéit ass dat Wichtegst well bürokratesch Planung kann net op déi vill Krankheetsprofiler – wäit iwwer Alzheimer eraus – agoen.

D’Reform vun der Fleegeversécherung wierkt sech bei demenzkranke Leit staark aus: “Déi Leit mat deene schwéierste Problemer verléieren am meeschten”, seet d’Lydie Diederich aus der ALA-Direktioun. Zesumme mat hirem Kolleg Denis Mancini an hirer Presidentin bedauert si den ageschloene Wee: “De Lëtzebuerger System war dee beschten an Europa a gëtt elo massiv no ënnen ugepasst”. Am Gespréich mam Gast Gibéryen a mam Fernand Kartheiser war ee sech awer eens, datt d’Qualitéit vun der Fleeg net dierft erof goen. Eng Hëllef dobäi: De “Plan Démence” leeft aus. D’Land brauch elo e Bilan an eng Evaluatioun heivun an dann e “Plan Démence 2”. Well ëmmer méi Leit si betraff an d’Patiente ginn och méi jonk. Dobäi sinn iwwer een Drëttel vun de Leit iwwer 85 Joer betraff.

Deel dëse Post: