Dem Tram um Glacis: Stol ass méi haart wéi Holz

Kee Bam ass helleg wann de Tram kënnt! Nodeems schonns um Kierchbierg en Naturschutzgebitt ofgeholzt ginn ass fir dem Tramsschapp Plaz ze maachen, mussen elo d’Platanen an der schéiner Alleeë Scheffer „geplënnert“ gi fir datt Schinne kënne geluecht ginn. Stol ass bekanntlech méi haart wéi Holz. D’ADR Sektioun Stad ass weider dovunner iwwerzeegt, datt et besser Léisunge gi wéi den Tram fir d’Verkéiersproblemer ze léisen, an datt am Géigendeel den Tram d’Problemer an der Stad nach wäert verschäerfen. Generell stellt d’ADR Stad fest, datt mat de ville Chantieren d’Verkéiersproblemer an de Stad all Dag méi grouss ginn, an dëst fir d’Foussgänger, d’Vëlosfuerer, d’Buspassagéier an d’Automobilisten. D’Stad brauch dréngend e Verkéierskonzept, wou ALL Verkéiersmëttele berücksichtegt ginn.

Nieft méi wéi 60 Chantieren an der Stad fänken elo och d’Aarbechte fir den Tram un, wou mat gréissere Behënnerunge ronderëm de Glacis a bis op d’Stäreplaz ze rechnen ass. D’ADR bedauert weider, datt d’Decisioun fir de Tram net mam Bierger, iwwert Referendum, ofgeschwat ginn ass. Grad wëll d’Stad esou schnell wiisst, muss eng reell Verkéiersplanung dofir suergen, datt méi Plaz fir d’Mobilitéit geschaf gëtt, anstatt datt eng puer wichteg Avenuen a Boulevarde fir een eenzegt, wéineg flexibelt Verkéiersmëttel reservéiert gëtt.

Wéinst dem Chantier fir den Tram um Glacis ginn nei Busspuren agezeechent, esou um Boulevard de la Foire. Eng Strooss wou schonns elo den Trafic méi steet wéi fiert. De Blo-Grénge Schäfferot gëtt onsënneg Zommen aus, fir den Tram a Vëlosweeër, refuséiert awer systematesch d’Demande vun der ADR, fir e kohärent Verkéierskonzept auszeschaffen, wou och d’Autoe berücksichtegt ginn. Och d’Suggestioun vun der ADR-Conseillère Marceline Goergen, fir eng interaktiv Kaart vun der Chantieren um Internet ze publizéieren, gëtt ne zeréck behalen. D’Leit kënnen sech jo um Info-Point eenzel renseignéieren…

Och d’Leit, déi mam Bus an zou Fouss an der Stad ënnerwee sinn, mussen Zoustänn a Kaf huelen, déi der Stad Lëtzebuerg net wierdeg sinn! Wéinst dem Chantier Aldringen ass d’Halschent vun de Bussen ewech gefall. An an de Spëtzestonne mussen sech zweemol méi Leit an deene Bussen, déi iwwreg bleiwen, drécken! Um Aldringen mussen d’Foussgänger dann de Wee duerch de Bulli fannen, fir an den Zentrum ze kommen. Och hei fuerdert d’ADR Remedur, e Chantier ass keng Entschëllegung fir alles!

Pressematdeelung vum 15. Februar 2016 vun der ADR – Sektioun Stad

Deel dëse Post: