Dem Nord-President Jeff Engelen seng véier Wourechten …

“Lëtzebuerg steiert op griichesch Verhältnisser zou an eis Kanner kréien dës Rechnung enges Daags presentéiert.” Domat war den Toun gi fir eng Radiosemissioun fir d’ADR. De Jeff Engelen huet iwwer Wuesstem geschwat an doriwwer wéi grouss Betriber vill Investissementer no sech zéien, wéineg Steiere bezuelen an och nach Mataarbechter hunn, déi dacks net genuch verdénge fir vill Steieren ze bezuelen. D’Geneemegungsprozeduren, déi Lëtzebuerger Betriber dacks Steng an d’Féiss geheien, si fir dës grouss nei Betriber och kee Problem an de Terrain kréie si och anstandslos. Denkt de Nordpresident vun der ADR do vläicht un e bestëmmten US-Betrib, dee kéint op Biissen kommen? D’Tribune libre” ass eng Radiosemissioun vun de Lëtzebuerger Parteien, déi op RTL an um 100Komma7 ze lauschteren ass. Fir d’ADR war den 8. Januar de President vum ADR-Bezierk Norden, Jeff Engelen, ze héieren. 

Deel dëse Post: