Delinquenz: wéi eng Nationalitéit hunn Täter an Affer ?

D’Police huet rezent d’Statistike virgestallt, iwwert d’Delinquenz zu Lëtzebuerg am Joer 2014. Dobäi ass opgefall, datt keng Zuelen iwwert d’Nationalitéit vun den d’Täter an den Affer presentéiert gi sinn.

Dowéinst huet de Fernand Kartheiser dës parlamentaresch Fro gestallt:

Wéi all Joer huet d’Police op enger Pressekonferenz d’Statistiken iwwert d’Delinquenz virgestallt.
Et fält op, dat bei der Presentatioun vun de Zuele fir 2014, entgéint Virstellungen aus viregte Joeren, kéng Statistik iwwert d’Nationalitéit vun den Täter dobäi ass.

1. Wisou huet d’Police d’Zuele vun den Täter an den Affer pro Nationalitéit net virgestallt ?Ass dat op Wonsch vun der Regierung geschitt?
2. Kann den Här Minister mer dës Zuele fir 2014 noliwweren ?
3. Kann d’Chamber en Tableau kréie vun der Evolutioun vun den Täter an den Affer pro Nationalitéit, eventuell opgeschlësselt no de grousse Kategorië vun Delikter, dëst iwwert déi lescht zéng Joer ?

 

Deel dëse Post: