Wandpark-Projet: Gëtt d’Sécherheet vun de Leit garantéiert?

Den zu Déifferdeng geplangte Wandpark soll op engem Terrain opgeriicht ginn, ënnert deem nach al Minne leien. De Fernand Kartheiser stellt eng parlamentaresch Fro zu dësem Sujet, an där hien no der Stabilitéit an der Kontroll vun de Wandmille freet. Weider wëllt hie wëssen, wéi et dobäi ëm de Schutz vun der Ëmwelt steet a wéi d’Sécherheet vun de Leit, déi an där Géigend liewen oder Zäit verbréngen, ka garantéiert ginn.

 

Deel dëse Post: