Déierewuel

Hei eis parlamentaresch Fro zum Déiereschutz beim Transport.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Déiereschutz ass en iwwergräifende Begrëff, den e gudde kierperlechen – an esou wäit dat ka pertinent sinn –  och mentalen Zoustand vum Déier zum Zil huet.  Den Déiereschutz ass mat Recht e ganz wichtege Sujet an eiser Gesellschaft an e gëtt tendenziell nach méi staark. E betrëfft och all Phas am Liewen vum Déier, inklusiv d’Froe vun der Zuucht  a vu sengem Dout. Eng schwiereg Situatioun, déi warscheinlech nach net gutt genuch legal ofgeséchert ass, ass de Schutz vum Déier bei sengem Transport.

Engem Rapport vum Europäesche Rechnungshaff no (Document d’analyse 03/2023 ‘’Transport d’animaux vivants dans l’UE: défis et pistes d’action’’), feelt et nach u genuch Regulatiounen iwwer den Transport vun Déieren. Den Déierentransport ass natierlech och e wichtege Käschtepunkt an der Fleeschproduktioun, an awer gëtt et dacks nach net genuch Informatiounen a Statistiken déi et géingen erlaben eng genee Vue iwwer d’Situatioun an dem Secteur ze kréien.

An deem Kontext  wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • Wéi eng Conclusiounen zitt d’Regierung aus dem uewe genannte Rapport? Wéi wëll si eventuell den Transport vu liewegen Déiere reduzéieren an d’Noutwendegkeet vum Transport vu liewegen Déieren iwwerpréiwen a kontrolléieren?
  • Wéi eng Moossname wëll si huele fir speziell d’Déierentransporter virum Schluechten op e strikte Minimum ze reduzéieren an d’Wuelbefanne vun den Déieren och wärend esou Transporter ze assuréieren?
  • Wéi eng Propositioune wëll d’Regierung op europäeschem Niveau maachen, fir där vläicht iwwergrousser Spezialisatioun a Konzentratioun vu Betriber an de Beräicher Zuucht a Schluechten entgéint ze wierken (z.B: abattoirs de proximité, abattoirs mobiles) ?
  • Wëll d’Regierung nach aner Iddien an dem Sënn ënnerstëtzen, ewéi z.B. déi Initiativ ‘’de la ferme à la table’’?

Mat déiwem Respekt,

Hei déi parlamentaresch Fro.

Deel dëse Post: