Déiereschutz: Keen ass esou konsequent wéi d’ADR!

Wann ee vun Déiereschutz schwätzt, muss een als éischt deene Leit Merci soen, déi sech Dag fir Dag dofir asetzen, datt et eisen Déiere gutt geet: Et sinn dat eis Pompjeeën, Polizisten, déi vill Benevollen an net zulescht déi Baueren, déi sech ëm e wierdegen an aartgerechten Ëmgang mat de Notzdéiere beméien. Dee selwechten Engagement fir d’Wuel vum Déier vermësst d’ADR allerdéngs vu Säite vun der Politik, esou de Roy Reding a senger Chamberinterventioun vum 6. Juni. Wann den ADR-Deputéierten nämlech net schonns viru Joren eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert hätt, déi d’Déier net méi als Saach, mee als Wiese mat Gefiller an Dignitéit definéiert, hätt de Landwirtschaftsminister schliisslech keng Virlag gehat, fir ofzeschreiwen. Beim Déiereschutz ginn et fir d’ADR keng Kompromësser: A genee aus deem Grond gehéiert och eise Code civil an eis Verfassung endlech geännert; a genee aus deem Grond huet de Roy Reding Gesetzespropositioune geschriwwen, déi d’Wuel vum Déier an empatheschen, mee och a klore juristeschen Terme festhalen. D’ADR weist de Wee – eleng: Wou bleift de Courage vun der Regierung? D’ADR huet d’Déiereschutzgesetz selbstverständlech matgestëmmt, awer dat eleng geet net duer: D’Fleeschpräisser si lächerlech niddereg, eng aartgerecht Haltung ass ënnert deenen Ëmstänn schwéier. Och beim Thema Déierenasyl leeft villes net ronn. Firwat muss e Mupp, dee vum Virbesëtzer mësshandelt gouf, duerch ëmständlech Prozeduren oft jorelaang op e neie Besëtzer waarden? D’Regierung wär gutt beroden op d’ADR ze lauschteren: Beim Thema Déiereschutz ginn et fir eis keng Ausrieden!

 

 

 

Deel dëse Post: