Déiereschutz ELO!

D’Déier gëtt am Code civil als “bien”, als Saach, definéiert, a mat enger Saach kann ee bekanntlech maache wat ee wëll. An enger den 11. Januar organiséierter Pressekonferenz geet den ADR-Parteipresident Dr. Jean Schoos, vu Beruff Veterinär, zesumme mam ADR-Generalsekretär Alex Penning am Detail op dës Problematik an. Well d’Reform vum Déiereschutzgesetz bei Déierequälerei héich Strofe virgesäit, misst een elo konsequent sinn an och de Code civil ëmänneren. Genee dat huet d’ADR sech duerch eng 2015 vum Deputéierte Roy Reding deponéiert Gesetzespropositioun zum Zil gesat.

Och déi aktuell Verfassung gëtt dem Déier – e Wiese mat Gefiller an Dignitéit – net gerecht a léisst ze vill Interpretatiounsspillraum. Dohier huet d’ADR 2015 och eng Propositioun fir eng punktuell Verfassungsännerung an der Chamber deponéiert. Nodeems de Staatsrot a sengem Avis un der ADR-Propositioun näischt auszesetzen hat, kéint déi punktuell Verfassungsännerung elo an d’Chamberkommissioun kommen an nach virun de Wale gestëmmt ginn. Et sief dann de politesche Wëlle feelt!
En Déier ka sech kee Gehéier verschafen, fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen. Et läit an der ethescher Verantwortung vum Mënsch, en Déier wierdeg ze behandelen. D’ADR geet nach e Schrëtt méi wait wéi de Gesetzesprojet iwwert den Déiereschutz a fuerdert, datt Experimenter u Wirbeldéiere grondsätzlech verbuede misste ginn, Déiere net méi wéi 400 km um Stéck transportéiert däerfe ginn an et grondsätzlech verbuede misst sinn, datt am Zirkus wëll Déieren optrieden. Wou bleift de Courage, iwwert all Parteigrenzen eraus d’Dignitéit vum Déier och gesetzlech ze verankeren?

Highlights vun der Pressekonferenz:

Fir nozekucken:

 

 

Deel dëse Post: