Déi soziale Dimensioun bäibehalen

Et ass eng Verflichtung fir e Land wéi Lëtzebuerg, ëmmer och no deene méi schwaachen, kranken oder vulnerabele Matbierger ze kucken. An deem Sënn begréisst de Gast Gibéryen a senger Interventioun vum 25. Juli d’Gesetz, wat d’Konditioune fir Leit, déi méi laang krank sinn, nei reegelt. Den ADR-Deputéierte plädéiert dofir, datt et och fir déi Leit en Auswee muss ginn, déi och no engem laange Krankeschäin net amstand sinn, ze schaffen; dëst a Form vun der Invaliderent. D’Finanzéierung fir esou e wichtege Projet muss fir de Staat Prioritéit hunn, ouni d’Patronat dobäi iwwerméisseg ze belaaschten. De Wäert vun enger Gesellschaft léisst sech doru moossen, wéi dës Gesellschaft mat hire Schwächsten ëmgeet.

 

Deel dëse Post: