Déi eege Pensioun gewuer ginn?

Wien zu Lëtzebuerg privat schafft, gëtt automatesch Member vun der nationaler Pensiounskeess. Eng Versécherung um fräie Maart ass net virgesinn. Ëmsou misst een sech e gudden a biergerfrëndlechen Zerwiss erwaarden dierfen. Leit, déi am mëttleren Alter wëllen eppes iwwert hir viraussichtlech Pensiounshéicht gewuer ginn, mussen allerdéngs bis zum Alter vu 55 Joer waarden, wouduerch laangfristeg Entscheedunge relativ schwéier ze plange ginn. Wäert d’Regierung deem entgéint wierken?

Deel dëse Post: