Debatt vun de Géigesätz: Gast Gibéryen géint Déi Lénk

De Gambia-Bilan ass ganz schwaach: Doriwwer gi sech Gast Gibéryen a Marc Baum (Déi Lénk) eens, mee et war net fir sech op eng monoton Oppositiounsdebatt anzestellen. Soss ware sech déi zwee Politiker net iwwer vill eens, an esouguer net iwwer déi Saachen, déi si béid vertrieden. D’ADR, esou vill ass kloer, ass géint staatlechen Interventionismus an Déi Lénk kënne net liewen ouni ëmmer méi Staat … wéi et sech fir eng postkommunistesch Partei gehéiert.

Deel dëse Post: