De Vic Haas, eisen neien ADR Gemengeconseiller zu Diddeleng

Duerch den trauregen Ëmstand vum Doud vun eisem Frënd Marc Schiffmann ass et elo um Vic Haas d‘Relève am Diddelenger Gemengerot ze huelen. Hien ass  den 28. Oktober 2016 am Gemenrot vereedegt ginn. Déi meeschte Leit aus der Gemeng kennen de Vic Haas, deen och a senger Pensioun nach ganz aktiv de Kontakt mat den Diddelenger sicht.

De Vic Haas huet d‘Gemengepolitik schonns aus der Siicht vun de consultative Kommissiounen erlieft, an huet och mam Marc Schiffmann an der ADR-Sektioun Diddeleng en Abléck an d‘Aarbecht vum Gemengerot krut.  Hien kann, elo wou en an der Verantwortung steet, op d‘Hëllef vum ADR Komitee Diddeleng an den ADR Vertrieder an de Komissiounen zielen.

Grad ewéi säi Virgänger ass dem Vic Haas seng éischt Ambitioun esou vill ewéi méiglech gesonde Mënscheverstand an de Gemengerot afléissen ze loossen.

Den neien ADR Conseiller weess wou hien hir kënnt, esou datt d‘Sozialpolitik seng éischt Prioritéit wäert sinn. Och d‘Sportler, an hei besonnesch déi Jonk, leien him um Häerz.

De Vic Haas freet sech op all Suggestiounen vun de Bierger, déi un hien erugedroe ginn, fir esou kënnen d‘Froen, d‘Virschléi an och d‘Suerge vun den Diddelenger Awunner am Gemengerot auszedrécken.

D‘ADR Sektioun Diddeleng, wéi och d‘ganz Partei, wënscht dem neie Gemengeconseiller eng glécklech Hand a sengem neien, verantwortungsvollem Mandat.

Deel dëse Post: