De Versécherungssekteur mat Suergen

Am Kader vun hiren Entrevuen huet d’ADR den 2. Mee d’ACA (Association des Compagnies d’Assurance et de réassurance) empfaang. De Sekteur ass iwwer 7.000 Aarbechtsplaz schwéier a bezillt bal 400 Millioune Steieren d’Joer. De Gros vun de Geschäfter sinn international. Mee Suerge gëtt et esou wuel um Lëtzebuerger Marché wéi och an den internationale Relatiounen. D’Versécherungsgesellschafte vermëssen z. B. déi Reaktivitéit, déi Lëtzebuerg ëmmer ausgezeechent huet. Well eis d’Land séier reagéiert an nei Reglementer ugeholl huet, hu sech vill Geschäftsméiglechkeeten opgemaach. De Kompetitivitéitsvirdeel ass wéinst Iwwerlaaschte vun de betraffene Regierungsservicer um Verschwannen. D’Schafe vun engem eegene Ministär fir d’Finanzplaz ass dann och ee vun deene frappanadre Virschléi vun der ACA. Mee et war beileiwen net hirt eenzegt Uleies. D’Vereenegung war vertrueden duerch hire President Christian Strasser an hiren Administrateur-délégué Marc Hengen, am Gespréich mam Jean Schoos, Gast Gibéryen a Roy Reding.

Deel dëse Post: