De Verbrennungsmotor net ofschafen!

Den europäeschen Zouloossungsverbuet fir Verbrennermotoren vun 2035 un ass eng reng ideologesch Schikan. Weder wëssenschaftlech nach verkéierstechnesch mécht esou e Verbuet Sënn. Zu Lëtzebuerg gëtt et nach ëmmer keng flächendeckend Alternativ zum Auto. A beim Auto gëtt et nach fir ganz laang Zäit keng nohalteg Alternativ zum Verbrennungsmotor.

Fräi Mobilitéit ass e Recht – grad an der EU. De Choix vum Fortbeweegungsmëttel  muss et och sinn. De privaten Auto ass en Deel vun eiser Fräiheet a vun eiser Liewensqualitéit.  Aus ville verschiddene Grënn si vill  Leit op hiren Auto ugewisen a brauchen en am deegleche Liewen. Moossnahmen, déi d’Mobilitéit vun de Bierger kéinten aschränken oder esouguer a Fro stellen, si fir d’ADR net akzeptabel.

Elekroautoen sinn nëmmen ageschränkt a fir relativ kuerz Distanzen ze gebrauchen. D’Ressource fir eng Masseproduktioun sinn net geséchert. Déi ekologesch, politesch a sozial Problemer fir un déi  Ressourcen ze kommen, sinn enorm. D’Ofhängegkeet vu China, dat weltwäit mat déi meescht vun dëse Ressourcen huet, ass problematesch. D’Batterie-Technologie mécht nëmme lues Progrèsen a Luedstatioune feelen nach laang Joeren. D’Stroumnetz, dat an Zukunft op wichteg Sockel-Energieë wéi Kuel, Gas an Atom soll verzichten, ass mam Lueden vun enger grousser Zuel vun Elektroautoen séier iwwerfuerdert. Fir vill Aktivitéite gëtt et héchstwahrscheinlech och 2035 nach keng gutt Alternativen zum Verbrennermotor, z.B. an der Logistik.

Déi EU-Initiativ fir de Verbrennermotor ofzeschafen, schued de Verbaucher. Autoe mat engem Verbrennermotor hunn elo schonn e Präisverloscht, besonnesch bei Dieselautoen. Och der  Industrie entsti ganz vill direkt an indirekt Käschten duerch de Verbued vum Verbrennungsmotor.  D’Autoindustri gëtt onnéideg geschwächt woubäi ausgerechent si mat dee wichtegsten a kompetitivsten europäeschen  Industrisektor ass. Och op Lëtzebuerg mat sénge villen Zouliwwerbetriber kann dat negativ Konsequenzen hunn.

Argumenter géint den Zouloossungsverbuet gi gär mat Wonschdenken entkräft… nach net erfonnten technologesch Usäz sollen all Problemer aus dem Wee raumen. Wierklech? Bis 2035? Alt nees wëll Europa eleng d’Welt retten – keng aner gréisser Regioun op der Welt geet mat op dee Wee.

Mir deelen all de Wonsch, fir eis Emwelt ze schounen, mee de Verbuet vum Verbrennungsmotor ass e Resultat vun ideologeschem a  politeschem Wonschdenken.  D’ADR ass fir Technologieoppenheet a fir eng konsequent Ennerstëtzung vu Fuerschung an Entwécklung – net fir Verbueter an onsënneg Agrëff an déi fräi Maartwiertschaft. D’ADR wëll weder dem Verbraucher nach eiser Ekonomie schueden mee zësumme mat hinnen eng nach méi emweltfrëndlech Zukunft virbereeden. E Kulturkampf géint den Auto oder géint déi individuell Mobilitéit gëtt et mat der ADR net!

Pressematdeelung vum 16. Februar

Deel dëse Post: