De Staat soll seng BGL-Aktien halen! (VIDEO)

print

 

Den 13. August hunn de Jean Schoos, ADR-Nationalpresident, an de Roy Reding, Vize-President, op enger Pressekonferenz erkläert, firwat et méi sënnvoll ass, datt de Staat seng Participatioun an der BGL BNP Paribas behält, amplaz déi Aktien ze verkafen.

D’BGL BNP Paribas ass mat 4060 Aarbechtsplazen den zweetgréissten Employeur zu Lëtzebuerg.

D’CSV-LSAP Regierung huet annoncéiert, déi staatlech Participatioun Enn des Joers / uganks 2014 wëllen ze verkafen.

D’ADR schwätzt sech géint dee Verkaf aus, an zwar aus op d’mannst 3 Ursaachen:

 

a) Wann eng Bauerefamill Honger leit, geet se nëtt hin a schluecht eng Mëllechkou!

De Lëtzebuerger Staat huet duerch d’Bedeelegung un der BGL BNP Paribas erakritt:

–          2009: 112,2 Milliounen

–          2010: 113,2 Milliounen

–          2011: 85,3 Milliounen

–          2012: 64,5 Milliounen

Insgesamt huet de Staat bis dato duerch déi Operatioun 330,8 Milliounen erageholl, d.h. am Schnëtt 82,7 Millioune pro Joer.

De Staat muss deene Leit, déi him déi 2 Milliarde geléint, Zënse bezuelen, an zwar 3,75%: dat maache 66 Millioune pro Joer. Et bleift nach e Gewënn vu bal 67 Milliounen op 4 Joer.

Dee Gewënn léisst sech liicht eropsetzen, well bei engem neien Emprunt Enn dës Joers bestëmmt keng 3,75% méi musse bezuelt ginn, wou esou vill Geld um Marché ass wéi nach ni a Lëtzebuerg nach den AAA huet.

 

b) Déi 34% ginn zwar dem Staat keng Majoritéit, mä erlaben awer Afloss ze huelen (minorité de blocage) an zum Beispill néfaste Decisiounen ewéi Delocalisatiounen a Frankräich verhënneren.

Dat ass ëmsou méi wichteg, datt d’Finanzplaz eis gréissten Tromp ass fir d’Staatsfinanzen op Dauer ze sanéieren.

Amplaz vun engem kuerzfristege Gewënn bei engem Verkaf géif d’ADR also déi strategesch Iwwerleeung an der wichtegster  Bank vum wichtegste Sekteur eng Participatioun ze hunn an de Virdergrond stellen.

 

c) Staatsfinanze sanéieren, dat mécht een net duerch d’Vente vum Familljesëlwer oder besser gesot „assets“, genee esou wéineg wéi duerch d’Erhéije vu Steieren, mä nëmmen doduerch, datt een d’Wirtschaft nees un d’Lafe kritt, nei Firme mat neien Aarbechtsplaze  schaaft.

Dozou gehéiert och d’Bankgeschäft: ouni Krediter fir eis Kleng- a Mëttelbetriber an och eis privat Stéit gëtt et keng Relance!

Et ass also wichteg, datt de Staat säin Afloss spille léisst fir sécherzestellen, datt viabel Projeten (iwwregens och am Immobilier) finanzéiert ginn.

Nei Aarbechtsplazen, neie Wunnraum, nei Industrië bedéngen eng Bank- a Kreditwirtschaft, déi funktionnéiert. Wa mer do just franséisch Technokrate gewäerde loossen, ass d’BGL à la longue keng Stäip méi vun eiser nationaler Wirtschaft. A grad déi Stäip brauche mer!

 

Fazit:

Loosst d’Kierch am Duerf, gitt net op d’Äis danzen a stousst Iech wéi all gudden Iesel net nach eng Kéier!

Behaalt déi staatlech Participatioun an der BGL!