De Staat soll dem Bierger déngen

De Staat soll dem Bierger déngen an net ëmgedréint. An deem Sënn geet och de Gesetzesprojet iwwert d’Evaluatioun vu Bauprojeten op d’Ëmwelt an déi falsch Richtung, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 17. Abrëll. Den Ëmweltministère gëtt duerch dat neit Gesetz massiv gestäerkt, obwuel eng ganz Rei u wirtschaftlechen a sozialen Auswierkunge mat dësem Gesetz zesummenhänken. Et muss een an deem Zesummenhang virun allem op déi ontransparent an ineffikass Prozeduren hiweisen, déi Bauprojeten an Zukunft fir d’Investisseuren a Bierger nach méi deier maachen. De Staat positionéiert sech par Rapport zum Bierger ëmmer méi als Kontrollorgan, dat géint d’Interesse vun de Léit schafft anstatt den Interesse vun de Landsleit ze déngen. D’ADR stëmmt dohier kloer mat Nee!

 

Deel dëse Post: