Staatszënsen: AAA ass net gläich AAA!

Lëtzebuerg ass houfreg, a mécht dowéinst och déi néideg Efforten, fir vun de Ratingsagence mat AAA agestuuft ze sinn. Dëst misst als Konsequenz hunn, datt de Lëtzebuerger Staat zu besonnesch gënschtege Konditioune Geld um internationalen a nationale Marché kéint léine goen. Muss awer net esou sinn, seet… de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna.

Däitschland, dat och als AAA agestuuft ass, kann esou mat engen Taux vun 0% Geld léinen, an huet esouguer 10 Järeg Staatsemprunte mat Negativzëns placéiert, dat heescht dat den däitsche Staat Zënsen op den Emprunt bezuelt kritt.

De Lëtzebuerger Staat, trotzt dem AAA, bezilt aktuell awer en duerchschnëttlechen Zënssaz vun 2,546% op sengen Emprunten. Op Obligatiounen, déi bis 2043 (!) lafen, bedréit den Zënssaz 2,75%. Bankkreditter hunn Zënssätz vun iwwert 4%. D’Resultat ass, datt de Staat zanter 2011 all Joer ronn 200 Milliounen un Zënse muss zréck bezuelen!

An enger gemeinsamer parlamentarescher Fro fuerderen d’ADR-Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser de Finanzminister op, d’Emprunten ze renegociéieren an d’Obligatiounen ze refinanzéieren.

A senger Äntwert behaapt de Finanzminister: “Trotzdem kann een d’Bundeswertpapiere net direkt mat den Krediter oder Emprunten vergläichen déi de Lëtzebuerger Staat opgeholl huet.”. De Lëtzebuerger Staat huet och net wëlles, déi bestoend Emprunten an Obligatiounen nei ze verhandelen. De Pierre Gramegna: “sou dass een dovunner ausgoe kann, dass ee Gewënn fir de Staat als Resultat vu sou enger Operatioun wuel auszeschléisse wär.”

De Lëtzebuerger Finanzminister ass dovir houfreg, datt de Staat ënnert de Gambia-Regierung en Emprunt a Form vun engem Sukuk, also ënnert der Bestëmmunge vun der Sharia, opgeholl huet.

Deel dëse Post: