De Smartmeter als Energiepolizist?

Lëtzebuerg steet viru senger gréisster Energiekris säit Joerzéngten an et kann aktuell kee soen, wéi kal de Wanter wierklech gëtt, héchstwarscheinlech ass d’Situatioun awer méi eescht, wéi d’Regierung wëll zouginn. Deementspriechend ginn d’Lëtzebuerger Bierger och schonn an homeopatheschen Dosen drop virbereet, datt Bréissel de Wanter “schlëmmstefalls” Zwangsmoossname kéint decidéieren. D’Majoritéit vun de Lëtzebuerger Stéit ass mëttlerweil mat engem Smartmeter equipéiert, déi dem Fournisseur reng technesch och kuerzfristeg e staarken Agrëff an de perséinleche Konsum vun de Clienten erlaabt. Mussen d’Bierger domat rechnen, datt hir Apparaten an der aktueller Kris, besonnesch am Fall vun Zwangsmoossnamen zur Iwwerwaachung a wouméiglech och zur Bestrofung géint si agesat ginn?

Deel dëse Post: