De séchere Wee an d‘Scholdespiral

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Fir 2013 beleeft de Staatsbudget sech op ronn 12 Milliarden Euro. De Budget gesäit fir, datt dëst Joer 4,5 Milliarde geléint ginn. Dat bedeit konkret, datt de Staat méi wéi dräi Méint iwwert Krediter finanzéiert gëtt.

Wéi d’Geld nach esou an d’Staatskeese gespruddelt ass, goufen de Jean-Claude Juncker an de Luc Frieden als Finanzgenien tituléiert. Politik mam Scheckheft war Tromp. Virun de Wale vun 2009 war schonns kloer, datt Lëtzebuerg méi schwéieren Zäite géif entgéintgoen. D’ADR huet regelméisseg drop higewisen, datt a Saache Finanze villes géif schif lafen. Dëst huet d’CSV net dru gehënnert, mat deiere Walkadoen de Wieler ze lackelen: bis 1000 Euro de Mount méi fir d’Léierpersonal, Aféiere vum Chèque-service ouni sozial Kritären, asw.

Et huet bei der Majoritéit geheescht, Lëtzebuerg hätt en Apel fir den Duuscht, d’Spezialfonge géife platze vu Reserven. Knapps war d’Euphorie vun de Walen eriwwer, an d’CSV an d’LSAP nees an engem Bett, koum d’Wourecht un d’Liicht. Wéisou muss d’Regierung esou vill Kreditter ophuelen, wa wierklech Geld an de Reservë gewiescht wär?

D’Chambre de Commerce hält an engem Avis fest, datt d’Staatsschold tëschent 2005 a 2013 ëm de Facteur 6,5 geklommen ass. Enn 2013 wäert den Taux vun der Staatsschold bei 26,2% vum PIB leien, 2005 waren et nëmme 6,7%.

Mat der CSV-Finanzpolitik ass Lëtzebuerg um séchere Wee an eng geféierlech Scholdespiral.

Wou esou eppes hiféiert, gesäit ee mat Griicheland, Spuenien a Portugal! D’Belaaschtung fir déi nächst Generatiounen gëtt ëmsou méi grouss, well nëmmen Zënsen a kee Kapital zréckbezuelt gëtt. Am August huet d’Regierung en Emprunt obligataire iwwert 30 Joer opgeholl.

D’Steierzueler vun 2043 mussen da kucken, wéi d’Kapital zréckbezuelt gëtt!

D’ADR setzt sech, ouni datt dëst vun Europa muss diktéiert ginn, fir eng Scholdebrems an. Bei Kreditter mussen Zënsen a Kapital zréckbezuelt ginn. D’Ausgabe vum Staat däerfen net méi séier klamme wéi d’Recetten. Nëmmen esou ass eng nohalteg Finanzpolitik méiglech. Nëmmen esou mussen ons Kanner net muer Scholden zréckbezuele fir Depensen, fir déi dës Regierung d’Verantwortung dréit.

Eng staark ADR ass de Garant, datt déi nächst Generatiounen net an d’Scholdespiral geroden.

Deel dëse Post: