De Schied vu Köln … net zu Lëtzebuerg

Nodeems d’Noriichten, datt an aner europäesche Länner, a notamment an Däitschland, Instruktiounen un d’Police gaang sinn, fir Verbrieche vu Flüchtlingen net ze verfollegen oder op d’mannst ze verheemlechen an net un d’Press ze ginn, huet de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro gekuckt, wéi et dann hei zu Lëtzebuerg ass. Fir den ADR-Deputéierte ass d’Fro vun den Originen wichteg, wat d’Préventioun an  d’Opklärung vu Verbriechen, awer och no der Verhaftung a bei all Bemöiungen fir eng Resozialisatioun wichteg. Duerfir huet hien e puer ganz präzis Punkten opgezielt. An e freet an engems nach eng Kéier, datt d’Verbriechensstatistik vu Lëtzebuerg, déi Joer fir Joer gemaach gëtt, sech och nees op d’Nationalitéit vun de Verbriecher bezitt.

Deel dëse Post: