De Schëttermarjal muss erhale bleiwen, dat fuerdert den Dan Hardy an engem aktuellen Zeitungsartikel!

De Schëttermarjal muss erhale bleiwen!

Scho viru ronn 100 Joer, huet de bekannte lëtzebuergesche Schrëftsteller Batty Weber, vun der Schëttermarjal geschwäermt, engem Stéck wonnerbarer Natur, um Wupp vum Kierchbierg. Op ronn 10 Hektar verzaubert si een, déi fir d’Stad Lëtzebuerg typesch wëll Fielslandschaft, mat hallefdréchene Wisen an zum Deel urale Beem, bis haut.

De Site, dee just iwwer Weimeschkierch läit, war fréier och bekannt fir seng sëllechen Heelkraider. Domadder ass e beléifte medezinesche Likör, mam Numm Schëttermarjal, gemaach ginn.

Och hautdesdaags handelt et sech, ekologesch gesinn, ëm en eemoleg wäertvolle Biotop mat ganz ënnerschiddleche Vegetatiounszonen. Hei fënnt een eng ganz Rëtsch rar a gesetzlech geschützte Planzen- an Déierenaarten. Ënneranerem kann een hei wëll Orchideenzorten a joerhonnerten al Eeche bestaunen. An Uecht huele kann een och seele Repitilienaarte wéi d’Schlingnatter a geschützte Päiperleksaarten.

Kee Wonner deemno datt déi Plaz ville Leit vum Kierchbierg a ronderëm, un d‘Häerz gewuess ass, do kann ee flott trëppele goen a sech vum Alldag entspanen. Schonn an de 1970er Joren hunn sech d’Bierger gewiert wéi een an hiert schéint Noerhuelungsgebitt agräife wollt. Do sollt nämlech en Hotel gebaut ginn. D’Leit hu geklot an d’Verwaltungsgeriicht huet hinne Recht ginn, sou datt de Bauprojet fale gelooss ginn ass.

Bis 2016 blouf et roueg, ma du sinn d’Bierger gewuer ginn, datt am neie Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg, op der Schëttermarjal, e grousst Lotissement entstoe soll. Fir d’Leit déi no dobäi wunnen e klenge Schock. Do dergéint proadréiert hunn net nëmmen si, ma och den Interesseveräin Eech-Dummeldeng-Weimeschkierch a souguer de Mouvement Écologique. De Site muss aus dem Bauperimeter erausgeholl ginn, sou hiert dréngend Uleies.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet am Oktober 2016 matgedeelt datt d’Schëttermarjal net als Naturschutzgebitt klasséiert géif ginn, well dee Site op nationalem Niveau keng besonnesch Wichtegkeet hätt, sou hir Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding.

Zeréck an d’Joer 1997, de Botaniker Jean-Jacques Kariger hat do eng detailléiert Etüde iwwert d’Schëttermarjal gemaach a konnt net manner wéi 60 Bam- a Strauchaarte bei engem Total vun 350 verschiddene Planzenzorten noweisen. Datt dat och haut nach sou ass, dat hu gläich e puer Experte bestätegt. Dem Här Kariger seng Konklusioun vun deemools huet, ouni Zweiwel, och nach haut hier Gültegkeet, hei e puer Auszich dovunner: “(…)Die Studie wird unserer obersten Naturschutzbehörde zur Verfügung gestellt; einesteils als Unterlage zu einer möglichen Unterschutzstellung, andernteils um die Verantwortlichen an ihre dringendsten Pflichten unserer verbleibenden Natur gegenüber zu gemahnen. Jedes Kind müsste wissen, dass das Euro-Kapital unsere wahre und leider nicht sehr demokratische Regierung- bei genügender, oft ganz plötzlich auftretender Interesseballung, ohne das geringste Bedenken seine Bulldozer die einigen hundert Meter von Kirchberg her zum Höhenrand schicken wird, um diese Relikte unserer alten Felslandschaft, am Fuss neuer Gigantensiedlungen, in fad durchparktes Hinterland zu verwandeln.(…) Sehen wir zu, dass man uns diese Oase nicht auch verplant und verschachert!”

Dat muss een sech op der Zong zergoe loossen, an déi gréng Ëmweltministesch behaapt datt d’Schëttermarjal national net schützenswäert ass. Do froen ech mech firwat mir eng gréng Partei an der Regierung hunn? Sinn et nëmmen Naturheuchler? Laut Gréng, kann all eelere Bam am Land, duerch Kompensatiounsmoossnamen ersat ginn. Biologen no, besteet awer ronderëm déi eeler Beem eng grouss Biodiversitéit, eppes wat deene Gréngen egal ze si schéngt. 

Majo dann, Dir gréng Herrschaften, wann Dir är gréng Ur-Wäerter net méi kennt, da kënne mir Iech als Regierungspartei ganz gär ofléisen! Aktuell stinn d’Chance fir all déi Bierger vum Kierchbierg, déi um Verwaltungsgeriicht an um europäesche Geriichtshaff geklot hunn, net schlecht,  fir um Enn Recht ze kréien, sou datt och den, an der tëscht, verklengerte Projet net do gebaut kéint ginn. Ma dat wat elo scho feststeet ass datt fir d’ADR eeler Beem absolut schützenswäert sinn, mat der ADR gëtt aus der Schëttermarjal net nëmmen eng Naturschutz-Zon ma e Stéck vun eisem Lëtzebuerger Natur-Patrimoine!

Dan Hardy

Parlamentaresche Sekretär ADR

Deel dëse Post: