Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

NSA, Prism…: den Edward Snowden huet der Welt verroden, wéi d‘USA an aner Geheimdéngschter de Bierger ausspionéieren. Heiheem gëtt de Premier mat enger Auer ofgelauschtert, dëst vum Chef vu sengem eegene Geheimdéngscht! Den Här Juncker brauch dofir awer net als Victime Krokodilstréinen ze kräischen: hien eleng dréit, sollt Lëtzebuerg dann nach e Rechtsstaat sinn, d‘politesch Verantwortung vum Service de Renseignement.

SREL, Stay behind a Bommeleeër-Affär sinn nëmme Symptomer vun engem ganz déiwe Leide vum eisem Rechtsstaat. Et geet net duer duerch d‘Welt ze reesen an Demokratie ze erklären. Eis Ministere musse virun hirer eegener Dier kieren. Dobäi läit schonns esou villes ënnert dem Teppech: Drock vun engem Minister op d‘Police, Affär Léiweng-Wickreng, Ausverkaf vun der Cargolux a méi rezent d‘Posteverdeelung vun enger héijer Beamtin aus dem Finanzministère, déi gläichzäiteg am Verwaltungsrot vu Banke sëtzt an am Kontrollorgan CSSF!

Bis déif an d‘Lëtzebuerger Institutiounen eran reecht den Demokratiedefizit. Z.B. däerfen am Zentrum 63 167 Wieler 21 Deputéierten an d‘Chamber wielen, dogéint hunn déi 30 472 Wieler aus dem Osten nëmme 7 Sëtz zegutt! CSV an LSAP verdeele genësserlech Posten am Staatsrot, oft fir net méi gebrauchte Politiker op en Ofstellgleis auszerangéieren. „Kleng“ Parteien – dat sinn der, déi zu Lëtzebuerg héich iwwert d‘5%-Hürd komm sinn – ginn an der Chamber mat minimaler Riednerzäit bestrooft.

D‘ADR verlaangt, datt de Rechtsstaat nees gestäerkt gëtt! Dowéinst sinn ënner anerem dës Moossnamen néideg:

  1. De Staat huet mat mëndege Bierger ze dinn! Déi däerfen net ënner Generalverdacht stoen an iwwerall vu Kameraen iwwerwaacht ginn. De Bierger brauch keen, deen him virschreift wou en däerf fëmmen, wat en däerf iessen a wéi grouss e Becher fir Softdrinks däerf sinn.
  2. D‘Privatsphär muss geschützt bleiwen, vum Bréifgeheimnis zum Bankgeheimnis iwwert de Schutz vun Daten zur Gesondheet an aus der Schoul.
  3. Bei de Wale fir d‘Chamber muss all Bierger gläich sinn, egal a wéi engem Bezierk e wiele geet.
  4. Tëschent de Wale muss de Bierger u wichtegen Decisiounen, ob Europa, national oder lokal, iwwert Referendum bedeelegt ginn. Et muss och e Referendum fir oder géint déi nei Verfassung ofgehale ginn.
  5. An der neier Verfassung muss Lëtzebuergesch als Nationalsprooch figuréieren, d‘Walrecht fir d‘Chamber muss fir d‘Lëtzebuerger reservéiert bleiwen an déi konstitutionell Monarchie däerf net a Fro gestallt ginn.
  6. D‘Chamber muss revaloriséiert ginn, hir Roll als Kontrollorgan vun der Regierung muss gestäerkt ginn. Am Parlament muss d‘Recht vun der Oppositioun a vun de klenge Parteie gestäerkt ginn.
  7. De Staatsrot muss déifgräifend reforméiert ginn, muss als Beroder vun der Chamber fonctionnéieren a méi Kompetenze kréien.
  8. De Conseil supérieur de la Justice muss esou organiséiert ginn, datt d‘Onofhängegkeet vun der Justiz net a Fro gestallt gëtt.
  9. De Bierger muss en direkten Zougang zum Verfassungsgeriicht kréien. Dëst Geriicht muss och erweidert Kompetenze kréien, z.B. fir de Staat opzefuerderen, Gesetzer oder Bestëmmungen ze änneren, déi net konform mat der Constitutioun sinn.
  10. Et muss een  Deontologiekodex fir Ministeren, héich Beamten, Deputéiert, Buergermeeschteren a Schäffen opgestallt ginn.