De Rechtsstaat och a Krisenzäite respektéieren!

E Samschdeg, den 21. Mäerz, huet d’Chamber sech op d’Verfassung beruff, fir de Noutstand auszeléisen. De Fernand Kartheiser huet am Kader vun dëser Debatt betount, datt et essentiell ass, datt och a Krisenzäiten de Rechtsstaat respektéiert gëtt. D’ADR huet scho viru längerer Zäit e ganz kritesche Bléck op d’Prozedur geworf, datt a Krisesituatiounen déi exekutiv Muecht Kompetenze kritt, déi eigentlech misste beim Parlament leien. Hei misst schnellstméiglech eng procédure législative d’urgence geschaf ginn, fir datt d’Parlament séier reagéiere kann an dobäi all seng Rechter behält. D’Moossnamen an enger Krisesituatioun mussen dann och esou formuléiert sinn, datt d’Bevëlkerung se akzeptéiert; den Agrëff an déi perséinlech Fräiheet muss zu all Moment gerechtfäerdegt an novollzéibar sinn. An deem Kader muss d’Politik och enk mat der Police zesummeschaffen, déi de Garant fir Sécherheet um Terrain ass. Et däerf och am Kader vun der Corona-Pandemie net zu Ongerechtegkeete kommen, dëst z.B. am Fall, wou mir dem klenge Commerce verbidden, mat hire Geschäftsaktivitéite weiderzefueren an anerersäits net konsequent genuch sinn, fir grouss Mënschenusammlungen am Kader vu Geschäftsaktivitéiten, déi net onbedéngt néideg sinn, ze verbidden.

E grousse Merci huet den ADR-Süd-Deputéierten dann och un d’Fonction publique geriicht, déi trotz Krisesituatioun eng formidabel a kompetent Aarbecht mécht.

Den allgemenge Fazit vum Fernand Kartheiser war, datt een aus dëser Kris muss déi néideg Léieren zéien a sech agestoen, datt eist Land net genuch op Krisesituatioune virbereet war. An deem Kontext huet d’ADR dräi Motiounen deponéiert, déi an Zukunft solle sécherstellen, datt eist Land an Zukunft och an enger Krisesituatioun déi néideg Gidder zur Verfügung huet, fir kënnen ze fonctionéieren. Et geet hei haaptsächlech ëm Liewensmëttel, medezinesch a sanitär Produiten an ëm d’Pëtrolsreserven.

Hei fannt Dir d’Motiounen:

Eist Land geet duerch schwéier Zäiten. Am Numm vun der ADR wënscht de Fernand Kartheiser ofschléissend alle Leit, datt si op sech oppassen a gesond bleiwe sollen.

 

Deel dëse Post: