De Policemusee soll weiderbestoen: Fernand Kartheiser zefridden

Éischt Konsultatiounen fir en erweiderte Policemusee sinn ugelaf, dëse soll och fir aner Déngschter, wéi Pompjeeën a Secouristen op sinn, an op enger neier Plaz entstoen. Den aktuelle Policemusee um Verluerekascht schéingt Wunnenge Plaz maachen ze mussen.
Dat ass d’Äntwert vum Minister Etienne Schneider op eng erweidert Fro vum Fernand Kartheiser. Dem ADR-Deputéierte seng Beméiunge fir de Policemusee ze retten, déi schliisslech zu dësem parlamentareschen Akt, den 10. Mee 2017, gefouert hunn, schéngen also ze wierken. De Minister fir bannescht Sécherheet huet a senger Äntwert d’Argumenter vum Fernand Kartheiser all opgegraff a Punkt fir Punkt konfirméiert. A senger Äntwert op de Minister, wollt de Fernand Kartheiser vun der Regierung zäitlech Zousoen, datt déi Aarbechten elo séier weiderginn.

Deel dëse Post: