Regierung: de Pefferspray bleift verbueden!

De Pefferspray ass e probat Mëttel, dat et eenzel Persounen erlaabt sech géint kriminell Persounen ze wieren. Dës Meenung gëtt net vun der Regierung gedeelt. An enger Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser schreiwen de Minister fir bannenzegt Sécherheet an de Justizminister: “… et ass am Moment net ugeduecht, fir de Verkaf an de Besëtz vu Pefferspray ze liberaliséieren”.

Déiselwecht Ministere sinn och der Meenung, datt zu Lëtzebuerg d’Gewalt géint Persounen net zouhëlt, an datt et zu Lëtzebuerg keng rechtsfräi Zone” gëtt. D’ADR ass der Meenung, datt – fir d’Äntwert ze zitéieren – een dës Behaaptungen net sou einfach am Raum ka stoe loossen.

An der Europäescher Unioun gëtt et, fir de Pefferspray, verschidde Legislatiounen. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, wou de Pefferspray als verbuede Waff considéréiert gëtt. Domadder ass de Verkaf, de Besëtz an de Gebrauch vum Pefferspray zu Lëtzebuerg verbueden. An enger parlamentarescher Fro hat de Fernand Kartheiser proposéiert, de Pefferspray zu Lëtzebuerg nom franséische Modell ze autoriséieren.

Deel dëse Post: