De Pefferkär: Fir datt d‘Kierch am Duerf bleift!

D‘Kierche stinn am Mëttelpunkt vun eise Stied an Dierfer. Fir vill Bierger ass et eng Freed, a méi wéi eng Traditioun, fir an der Kierch gedeeft a bestuet ze ginn. Meeschtens gëtt och an der Kierch de leschten Äddi gesot. D‘Kierche si wäertvoll kulturhistoresch Gebaier, a verschiddenen Uertschafte muenchmol dat eenzegt .

Wéisou muss daat elo op d‘Kopp gehäit ginn? Sécher net, wëll déi eng oder aner Gemeng fir den „Defizit“ vun der Kierchefabréck huet missen opkommen! Och d‘ADR ass sech bewosst, datt d‘Relatiounen tëschent dem Staat an de reliéise Communautéite mussen der Zäit ugepasst ginn. Dës nei Regele sollten awer ënnert dem Motto „Staat a Relioun am Respekt matenaner“ verhandelt ginn.

Dëst ass net de Fall! D’ADR wäert sech an der Chamber mat Nodrock dofir asetzen, datt de Gesetzprojet am Sënn vum SYFEL esou geännert gëtt, datt d‘Kierchefabrécken zwar reforméiert a regruppéiert, awer net ofgeschaaft ginn, a weider eng gewëss Autonomie behalen, fir hir eegen Affären ze geréieren, wéi dat bis elo de Fall war. Dat schléisst och an, datt eng finanziell Solidaritéit tëschent de Kierchefabricke spille kann a soll.

Dëst war d’Haaptthema vum Pefferkär, deen e Samschdeg den 24. September am Wort publizéiert ginn ass. D’Lëtzebuerger Sprooch ass och kuerz thematiséiert ginn.

Deel dëse Post: