Déi dräi ADR-Deputéiert goufe vereedegt

Den 13. November sinn ënnert anerem déi 3 ADR-Deputéiert Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding vereedegt ginn.

Um Dag vun der éischter Chambersessioun huet sech och de parlamentaresche Grupp vun der ADR konstituéiert. President bleift de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser gëtt Sekretär an de Roy Reding Caissier. Si ginn assistéiert vun der Fraktiounssekretärin Liliana Miranda.

D’ADR-Deputéiert wäerten eng konstruktiv a kritesch Oppositioun maachen.

Deel dëse Post: