De Paiement immédiat direct (PID) fënnt net säin erhofften Erfolleg !

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

De Paiement immédiat direct (PID) fënnt net säin erhofften Erfolleg. Zënter dem Start hu ganz wéineg Dokteren an Zänndokteren den Uschloss un de PID maache gelooss (laut den Artikele vum 100komma7 vum 28. Februar an 8. Abrëll). Am Moment kann de PID nëmme mat der Software Emed vun der Firma Maveja Software Solutions Luxembourg gemaach ginn.

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

 

  • Wéi vill Dokteren a wéi vill Zänndoktere benotzen dës Software haut iwwerhaapt schonn zu Lëtzebuerg?
  • Ass déi Software gëeegent fir all Spezialisatiounen ënnert den Dokteren/Zänndokteren? Deckt si all d’Besoine vun de verschiddene Spezialisatiounen oder sinn d’Dokteren/Zänndokteren da gezwongen, mat zwee Programmer ze schaffen, fir hir dagdeeglech Aarbecht kënnen ze maachen?
  • Duerch de PID kënnt et zu enger duebeler Comptabilitéit fir d’Dokteren/Zänndokteren (Verrechnung mat de Patienten, Verrechnung mat der CNS). Dëst féiert zu enger zousätzlecher administrativer Charge a weiderem Zäitopwand bei den Dokteren/ Zänndokteren an/oder hire Mataarbechter. Wat gedenkt d’Regierung am Kader vun der „Simplification administrative” an deem Sënn ze maachen?
  • Laut der Äntwert vun der Madamm Gesondheetsminister op d’parlamentaresch Fro N°420 vum honorabelen Deputéierte Sven Clement, läit den Delai momentan bei 46 Deeg bis zum Remboursement vum Patient. Wéi ass beim PID momentan den Delai bis den Dokter/Zänndokter seng Déngschtleeschtung bezuelt kritt? Wéi een Delai gëtt sech theoretesch erwaart, wann all d’Dokteren an Zänndokteren de PID asetze géingen? Garantéiert d’CNS e gewëssen Delai beim PID, vu datt d’Dokteren/Zänndokteren am Prinzip d’Sue fir hir Déngschtleeschtung virstrecken?
  • Am Kader vum PID geschitt den Austausch vun de Patientendonnéeën tëscht dem Dokter/Zänndokter an der CNS, an net wéi bis elo tëscht dem Patient an der Krankekeess. De Patient ass awer den eigentlech Versécherte bei der Krankekeess an decidéiert selwer, wat hien erareeche wëll oder der Krankekeess matdeele wëll. Gëtt am System vum PID de Patient net iwwergaang an ass dat GDPR-konform?
  • Consideréiert d’Regierung, fir op dee vun der AMMD (Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren) ausgeschafften DHN (Digital Health Net) zeréckzegräifen? Wann nee, firwat net?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: