De Montenegro gehéiert (nach) net an d’Nato

De Montenegro, e Staat aus dem fréiere kommunistesche Jugoslawien, ass an d’Nato opgeholl ginn. Dat géint de d’Stëmme vun der ADR.

De Fernand Kartheiser huet erkläert firwat. Hien huet gesot, datt der Regierung hir Aschätzung vun deem Land net den Tatsaache géif entspriechen a hien huet esouwuel Kritik vun Amnesty International wéi och vu Human Rights Watch zitéiert.

Deemno erfëllt d’Land d’demokratesch Ufuerderungen, déi d’Natio u seng Mëmbere stellt net. An de Konsens am Land fir e Bäitrëtt ass och net grad iwwerzeegend: Just eng Stëmm Majoritéit am Parlament huet de Bäitrëtt am Montenegro. De Fernand Kartheiser huet och drop verwisen, datt d’Land wéineg zur Sécherheet an Europa ka bäidroen. Dogéint misst ee emol nach analyséieren, wéi wäit de Nato-Member Tierkei nach d’demokratesch Konditiounen erfëllt, wat nëmme geet, wann een déi och um Montenegro respektéiert. Awer och fir Russland a fir e méigleche Bäitrëtt vun der Ukraine wär et net gutt, e Land an d’Nato opzehuelen, wat net all demokratesch Garantie gëtt.

Deel dëse Post: