De Minister Asselborn fantaséiert nees vu Gewalt

Am Sonndesinterview vun RTL sot de Bausseminister Jean Asselborn iwwert d’Situatioun an der Ukrain dat heiten: “Wann d’Diplomatie net méi gräift, da gräift just nach eent, an dat ass d’Gewalt”. Eng ganz geféierlech Ausso, besonnesch vun engem Mann, dee Lëtzebuerg an der Welt selwer als ieweschten Diplomat soll vertrieden. Hëlt den Här Asselborn eng Verlängerung vum Misär an der Ukrain liichtfankeg a Kaf oder verweigert hien einfach nëmmen deng Déngscht?

Deel dëse Post: