De Lëtzebuerger Rentesystem virum Kollaps?

An hirem „Livre vert sur le vieillissement“, deen de 27. Januar 2021 publizéiert gouf, schreift d’EU-Kommissioun: „D’après les projections, pour maintenir le taux national de dépendance économique des personnes âgées à un niveau constant en 2040 par rapport à 2020, l’âge de départ à la retraite devrait passer à 68 ans seulement à Malte, en Hongrie et en Suède, tandis qu’il devrait être porté à 72 ans en Lituanie et au Luxembourg.” D’Grënn fir dës Situatioun si säit Laangem bekannt: den Undeel vun eelere Mënschen un der Gesamtpopulatioun vum Land geet konstant an d’Lut, et ginn ëmmer manner Kanner gebuer, an et ginn ëmmer méi Frontalieren, déi an Zukunft vun der CNAP hir Pensiounen ausbezuelt wäerte kréien. Wéi geet d’Regierung mat dësem Problem ëm?

Deel dëse Post: