De bürokratesche Waasserkapp am Lëtzebuerger Enseignement gëtt ëmmer méi grouss, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 16. Mee: National Programmkommissioun, “Observatoire de la qualité scolaire” an elo d’Schafe vun engem Service fir Mediatioun fir Schoulofbréch ze verhënneren – de  Schoulministär kritt ëmmer méi Muecht; Muecht, déi him a gewëssen Domainer guer net zousteet. Esou soll de Mediateur z.B. dann intervenéieren, wann eng Schoul Gesetzer net respektéiert. Fakt ass awer, datt Gesetzer keng Verhandlungsbasis sinn a mussen applizéiert ginn. Et ënnerleit der Verantwortung vum Direkter a vum Minister, datt Gesetzer applizéiert ginn. Hei ginn onnéideg Tëscheninstanze geschaf. De Mediateur soll och onageschränkten Zougang an all Schülerdossier hunn – eng bedenklech Entwécklung! De gréissten Nonsens vun dësem Gesetzesprojet ass allerdéngs, datt d’Schold fir de Schoulofbroch ëmmer am Bildungssystem oder bei der Schoul gesicht gëtt – déi perséinlech Verantwortung vum Schüler zielt net méi. De Schoulministär wëll, datt jiddereen en Diplom huet. Datt doduerch d’Qualitéit vum Diplom ëmmer manner wäert gëtt an datt de “nivellement vers le bas” vertuscht a verwiesselt gëtt mam Begrëff “Chancëgläichheet” wëll ee léiwer net héieren…