De Joe Thein wiert sech géint populistesch “Jo”-Spotten

 

Fir Gespréich huet eng Campagne vun der sozialistescher Jugendorganisatioun gesuergt. Si ënnerstellen doran deene ville Leit hei zu Lëtzebuerg, déi beim Referendum mat Nee wiele wëllen, datt se domm, versoffe Rassiste sinn, a probéiert, dës Leit a natierlech och eis Partei mat e puer schlecht gemaachte Video-Clipen ze diskreditéieren. RTL huet dorop reagéiert an en Dënschden, 26. Mee, eng Reportage bruet, wou och de Joe Thein, President vun der ADRenalin, zu Wuert komm ass. Hien huet cool a sachlech reagéiert, well d’Clippe si keng Polemik wäert. D’JSL weist sech, wéi se ass, seet de Joe Thein: als populistesch Organisatioun, déi net ka respektéieren, datt de “Nee” eng legitim a wueliwwerluet Äntwert op d’Referendumsfroen ass.

Deel dëse Post: