De Joe Thein zum Vize-President vun der EYC gewielt

Vum 2. bis de 4. Dezember 2016, huet d’ADR-Jugendorganisatioun adrenalin, déi jonk adr mat enger Delegatioun um Kongress vun der EYC (European Young Conservatives) deelgeholl. Dëst Joer huet de Kongress, matten an der besënnlecher Chrëschtzäit, an der europäescher Haaptstad  Bréissel stattfonnt.

D’EYC ass den europäeschen Daachverband vun de konservative Jugendorganisatiounen, déi ausserdeem, d’europäesch Jugendorganisatioun vun der ACRE (Alliance of Conservatives and Reformists in Europe), wou eis Mammepartei, d’ADR och dra vertrueden ass.

Op dësem Kongress gouf de Joe Thein, ADR-Gemengenconseilljee vu Péiteng a Member vum ADRenalin Komitee, mat 37 vu 40 stëmmberechtegte Natiounen a Parteien, zum 1. Vize-President vun der EYC gewielt. Domat stellt d’ADRenalin fir zweet an der Geschicht vun der EYC e Vize-President a leedende Posten am Europagruppement. De Joe Thein huet seng Wiel mat engem positiven Appel un d’politesch Käerwäerter an seng Vue vum Konservatismus a klasseschem Liberalismus kommentéiert.

(foto: EYC Board)

Deel dëse Post: