De geplangte Verbuet vum Verbrennungsmotor ass illusoresch!

2020 sollten – de Pläng vun der Regierung no – 40.000 Elektrogefierer am Grand-Duché zougelooss sinn. 2021 sinn net mol 8000 esou Gefierer ugemellt. Elo hëlt d’Regierung, géint de Wëlle vun der Majoritéit vun der Bevëlkerung, en neien Ulaf, fir bis 2030 de Verkaf vu Gefierer mat Verbrennungsmotor ze verbidden. A senger Interventioun vum 9. Dezember plädéiert de Fred Keup fir Realismus a gesonde Mënscheverstand an deposéiert an deem Kader eng Motioun géint déi onsënneg Regierungspolitik.

Deel dëse Post: