De Gast op RTL: ADR sou gutt opgestallt wéi ni!

De Gast Gibéryen war Invité vun der Redaktioun bei RTL. Mat dee beléifste Politiker vum Land geet no 44 Joer an der Politik an déi wuelverdéngte Pensioun. Den déngschteelsten Deputéierten sot datt him wichteg ass ze goen wann et am Schéinsten ass. Dat och 3 Joer virun de Walen, dat fir datt sech säi Successeur Fred Keup kann aschaffen a sech en Numm an der Politik ka maachen. Den neie President vum Groupe Parlementaire vun der ADR, de Fernand Kartheiser wier den Intelligentsten Deputéierten an der Chamber, sou nach de Gast Gibéryen weider. E wier konservativ jo, an dat wier gutt, well dat géif ëmmer méi rar ginn am Parlament. D’ADR géif awer net méi no riets réckelen. Am Réckbléck huet de Gast Gibéryen ënnert anerem drop higewisen, datt et d’ADR war, déi fir Rentegerechtegkeet hei am Land gesuergt huet. An och wa seng Stëmme géife feelen, ass et him net baang ëm seng Partei, well dës personell sou gutt opgestallt ass wéi nach ni! Als ADR hätt een d’Flicht fir d’Regierung ze kontrolléieren an an enger Kris och Verantwortung iwwerholl. Aus der Oppositioun eraus hätt een ënnert anerem fir Rentegerechtegkeet gesuergt an 2015 beim Referendum eng ganz wichteg Roll gespillt. Den 13. Oktober ass dem Gast säi leschten Dag an der Chamber.

Hei fann Dir de ganzen RTL-Interview vum Gast Gibéryen.

 

Deel dëse Post: