[Audio]: Gast Gibéryen: Rout Kaart fir Regierung an CSV

Gëschter Méindeg, de 5. Januar 2015,  hat de Gast Gibéryen op RTL Radio d’Wuert am Kader vun enger  “Fräi politesch Tribün”. Den ADR-Deputéierten huet éischter rout Kaarte verdeelt, an zwar no alle Säiten. Dat am Kader vun sengem Ausbleck op d’finanziell Zukunft vu Lëtzebuerg.
D’CSV huet an hire Koalitiounen mat der DP an der LSAP Politik mam Scheckheft gemaach, an zwar aus elektorale Grënn, huet de Gast Gibéryen erklärt. D’Suen huet se esou séier zur Fënster erausgehäit, wéi se erakomm sinn, an haut felen dës Gelder un allen Ecken.
Fir Lëtzebuerg gesäit d’Zukunft net rouseg aus. Eng ganz Reih Nischen, vun deenen d’Land geliewt huet, si fort, esou d’Bankgeheimniss oder d’Recetten aus dem elektroneschen Handel. An aner sinn a Gefor, ewéi d’Recetten duerch Rulingen oder duerch de Verkaf vun Bensin an Tubak.
Mais méi wéi dës pessimistesch Analyse wëll de Gast Gibéryen net mat der Lenks-Regierung delen. Si hätt ausser op gesellschaftspoliteschem Plang all hier Verspriechen schon am éischte Joer gebrach, beweist hien. D’Steieren wären erhéigt ginn a sozial Leeschtunge gekierzt. Net berücksichtegt ginn wären déi konkret Spuermoossnahmen vun der ADR, déi ouni drastesch steierlech Mesuren de Budget hätte kinnte riten.
Versprach huet de Gast Gibéryen just eppes: dass d’ADR och 2015 als Oppositiounspartei hir Aarbecht maachen an der Regierung op d’Fanger klappe wärt!

Deel dëse Post: